• en
  • fr
  • Home
  • News
  • Torrents
  • Documentation
telechargement pour windows telechargement pour linux telechargement pour mac

back to documentation index

Éischt Schrëtt mat Okawix

D'"Zréck" a "Virun" Knäppecher

Den Zréck a Virun Knäppchen: den Zréck a Virun Knäppchen erlaben Iech et fir op déi vireg Ressource zréck ze goen an nees no vir, genee esou wéi an iergendengem Browser.

De Knäppchen "Haaptsäit"

De Knäppchen Haaptsäit: weist am Haaptframe d'Haaptsäit vum Archiv deen Dir consultéiert, an am lénken Frame d'Gestioun vum Inhalt.

De Knäppchen "Resultater vum Siche weisen"

Den D'Resultater vum Siche weisen Knäppchen: weist am lénken zesummeklapbare Frame d'Resultater vum leschte Sichen.

De Knäppchen "Versiounen am Laf vun der Zäit weisen"

Den Versiounen am Laf vun der Zäit weisen Knäppchen: weist am lénken zesummeklappbare Frame Sichaktiounen déi Dir virdru gemaach hutt, déi och nach Historique vun Ärer Sich genannt ginn, wann Dir d'Okawix Sichkëscht benotzt. Ee Klick op en Element am Historique vun Ärer Sich weist an deemselwechte lénke Frame d'Resultater vun der Sich op déi Dir geklickt hutt.

De Knäppchen "Dës Säit drécken"

Den Dës Säit drécken Knäppchen: lancéiert den Drocktool vum Betriibssystem.

De Knäppchen "Méi Inhalt"

De Knäppchen Méi Inhalt: weist lenks de Frame mat der Gestioun vum Corpus, an am Haapt-Frame, op der rietser Säit, de Fromulaire fir d'Sprooch eraus ze sichen (wann d'Sprooch während dëser Okawix-Sessioun schonn erausgesicht ginn ass, gëtt d'Säit fir d'Eraussiche vum Archiv an där Plaz gewisen, mat den disponibelen Archiven an der erausgesichter Sprooch).

De Knäppchen "Hëllef"

Den Hëllef Knäppchen: weist dëse Benotzerguide (an der Fënster vum Benotzerguide fannt Dir och den Iwwer Knäppchen. Ee Klick dorop mécht d'Iwwer Këscht op, mat den Okawix-Credits dran).

Am Corpus sichen

De Knäppchen "E Wuert op dëser Säit fannen".

D'Säit fir d'Sprooch erauszesichen

D'Säit fir eppes aus dem Archiv erauszesichen

D'Installatiounssäit

D'Rumm vun der Gestioun vum Inhalt

documentation translation made by

Translation kindly made by translatewiki.net. - design & conception : Linterweb